Wat ass IPO iwwerhaapt?
Enner IPO versteet een t’Ausbildung vu Gebrauchshënn no der internationaler Prüfungsuerdnung, der FCI (Federation cynologique internationale).
IPO Ausbildung
An den Disziplinne Fährtenaarbescht, Ënneruerdnung a Schutzdéngscht gëtt dem Hond seng Villsäitegkeet gefuerdert. Fir eng Ausbildung vum Hond an dësen Disziplinne brauch
den Hondsführer vill Sachverstand, Gedold, Verantwortung a Selbstdisziplinn.
Den Hond muss an allen dräi Disziplinnen eng bestëmmt Unzuel vu Punkte kréie fir t'Prüfung ze packen. Zudeem ginn et och dräi Prüfungsstufen: IPO 1, IPO 2 an IPO 3, woubäi
natierlech t'Ufuerderungen ëmmer mei héich sinn.
-
Fährtenaarbescht
Op enger vu Mënsche geleeten "Spuer" ginn Objete vun engem Fährtenleer geluet, déi den Hond dono soll sichen an uweisen.
Entspriechend de verschiddene Prüfungsstufe steigen och t'Ufuerderungen un Hond a Mënsch.
Schon am Welpenalter kann ee mat der Fährtenaarbescht ufänken, well enger Spuer mat der Nues nozegoen ass dem Hond ugebuer.
-
Ënneruerdnung
De Gehorsam bilt t'Grondlag fir en harmonescht Zesummewierke vun Hond a Mënsch. Et ass wichteg, dem Hond ze weisen dass et kloer
Reegele fir hie ginn. En richteg ausgebilten Hond wäert sech ëmmer ënneruerdnen.
Bei der Villsäitegkeetsprüfung gëtt an der Ënneruerdnung all Übung vun engem Leeschtungsriichter bewäert. Dorënner gehéiere Kommandoe wei zum Beispill Setz
a Platz.
No der Additioun vun den Eenzelresultater gëtt eng Gesamtnott fir t'Ënneruerdnung verginn.
-
Schutzdéngscht
Bei der Schutzausbildung gëtt mat aggressiounslose Methoden dat natierlecht Kampfverhale vum Hond kanaliséiert.
Ausgeglachenheet, Nervenstäerkt a Selbstbewosstsinn si wichteg Virbereedungen, fir eng Sportgebrauchshondausbildung erfollegräich ofzeschléissen.
An der IPO-Prüfung kennen Hënn, déi net an der Hand vum Meeschter stinn an absolut Gehorsam weisen, t'Prüfung net bestoen!