T'Welpenzäit ass besonnesch wichteg fir dat zukünftegt Liewen, well Welpen léieren extra schnell an hunn och déi gebrauchten Virwëtz.

An eisem Welpengrupp kennen t'Welpen déi éischt Grondsteen fir déi spéider Erzéiung leeën.
Am Mëttelpunkt steet den Training vum sozialen Verhalen an déi éischt Schrëtt  fir den Gehorsam. Hei kritt och den Meeschter éischt Kenntnisser iwwert Léierverhaalen vum Hond an kann déi an Form vun Übungen uwenden.

Ausserdeem stinn den generellen Ëmgang mam Hond, Pflegetipps an t'Spillverhalen um Programm.